IERGENDWANN GEHÉIERT ALLES MIR

Hei sinn ech. Gesäis de mech? Héiers de mech?

Ech sinn hei. Genee. Hei leien ech elo. Hei am Bett. Hei op der Matrass. Hei op deem iwwert d’Matrass gespaante Stéck Stoff, dat näischt méi ass, wéi… Ben jo, méi wéi en iwwert d’Matrass gespaantent Stéck Stoff ass et net.

A well dat ganzt sech an engem Zëmmer befënnt an ech net nëmmen, wéi grad elo an dësem Moment drop leien, mee och all Dag drop schlofen, gëtt et alt Bett genannt.

Dat Zëmmer, mat deem Bett, ass mäin Zëmmer an engem Haus zu Déifferdeng, wat meng Eltere viru ville Jore kaf hunn. Dat ass scho wierklech eng gutt Zäitchen hier.

Meng Eltere sinn nämlech net méi sou super jonk. Net 25 oder 30 a sécher keng 15.

„Net esou al“, wéi ee géif soen, wann se elo stierwe géifen. 

„Esou al waren se jo alt awer och net“, géifen d’Leit soen. 

„Wat en ongerecht Liewen.“, géifen d’Leit da soen.

Ech sinn elo 35 Joer al.

„Et ass awer schued. Esou e jonke Kärel.“, géifen d’Leit soen, wann ech elo stierwe géif. Ech liewen awer. Also soen d’Leit éischter, dass ech net méi de Jéngste sinn, an et awer emol Zäit géif ginn, eppes mat mengem Liewen unzefänken. Eppes Richteges, wéi d’Leit sou soen. Kee Wonner, dass ech heiansdo denken, dass ech besser dout wär.

Ech hat nach ni Mënschen esou laang gären ewéi meng Elteren. Si sinn d’Besëtzer vun dësem Haus, wat iergendwann mäin Haus wäert sinn, well ech sinn een Eenzelkand an ee vun de Virdeeler, wann een en Eenzelkand ass, ass, dass alles wat den Eltere gehéiert, iergendwann dem Eenzelkand gehéiert.

Et ass 6 Auer 47, zimlech fréi moies also, an et gëtt Zäit aus dem Bett ze klammen, duschen ze goen, villäicht nach séier e klenge Kaffi ze drénken a mech dann op de Wee ze maachen. Et ass keng gutt Iddi schonn den éischten Dag ze spéit ze kommen. Haut ass mäin éischten Dag am Asaz. Live um Feld, souzesoen.

Viru puer Minutten huet de Sekretär mech ugeruff a mir mat senger granzeger Stemm matgedeelt, dass se mech haut zu Nidderkuer bräichten. An engem C1. Alles, mee net en C1, hunn ech geduecht. Déi kleng Aarschlächer kaschten engem de leschten Nerv, mee ech brauch déi Suen. An zwar séier.

Eigentlech sinn ech Regisseur, dee seng eegen Dréibicher schreift. Ech hunn awer nach kee Film eraus bruecht. An anere Wierder: Ech sinn dem Filmfund Lëtzebuerg senge Qualitéitskritäre bis ewell nach net gerecht ginn oder nach aneschters ausgedréckt: Ech sinn net esou e Schläimschësser wéi all déi aner lëtzebuergesch Regisseuren a Kënschtler, déi jidder Männchen a Weibchen an all Verwaltungsrot sou laang an hiren Aasch krauchen, bis dann alt iergendeppes dobäi erauskënnt. 

Dat ass net mäi Stil. Ech wëll net sou en domme systemtreie Subventiouns-Kënschtler ginn. Ech muss dem Staat a sengen upassungsgäile Sklaven net gefalen. 

Als Kënschtler brauch een dem Staat net ze gefalen. Et muss ee virun allem sech selwer gefalen, a beschtefalls nach puer anere Leit a wann ee Gléck huet, gëtt een immens erfollegräich.

Dir hutt gutt héieren. Et brauch ee Gléck! Wéi ass et soss ze erklären, dass en Tarantino, deen all seng Filmer aus anere Filmer zesummeklaut, esou e Succès fou huet. Hien ass de bekanntesten Déif vun der Welt a kënnt dofir net emol an de Prisong.

Glécklecherweis muss ech mengen Eltere kee Loyer bezuelen. Dat muss ech net, well si mech gären hunn. Well ech hire Jong sinn. Natierlech ass dat net sou sexy, wann ech Meedercher kenneléieren. Da muss ech si enttäuschen, dass ech se leider net mat bei mech heem huele kann.

„Firwat?“, froen si. 

„Hues du schonn eng Fra?“, froen si och nach.

„Nee, Nee.“, soen ech.

Ech huelen d’Meedercher eréischt mat bei mech heem, wann ech och sécher sinn, dass si bleiwe wëllen. Dat war ech bis elo nach net een eenzegt Mol a mengem Liewen. Dat wëll ech mengen Elteren net undoen. Hinnen ëmmer erëm soe mussen, dass dat lescht, wat se kennegeléiert hunn, alt erëm eemol entscheet hätt, sech net fir mech ze entscheeden. Ech selwer maachen ni Schluss oder sou. Dat ass mir ze ustrengend.

Ech gesinn dat net sou enk. Et kënnt, wat kënnt. An ech kann ëmmer nach soen, dass ech Kënschtler sinn. Ech maache Konscht. Dat ass méi wichteg, wéi iergend sou eng Fra glécklech ze maachen.

Konscht ass keng Aarbecht. Konscht ass eng Drog. Si gëtt an deem Moment zur Drog, wou si sech fir dech entscheet. Anescht wéi bei de Meedercher léisst si dech och net méi lass.

Bei deene sougenannte „richtegen Drogen“ bass du et, dee sech fir d’éischt fir d’Drog entscheede muss, an da léisst du si net méi lass. Du muss scho richteg vill net wëllen fir dech vun denger Ofhängegkeet, déi d’Konsequenz vun denger Entscheedung war, ze befreien. An och d’Drog selwer seet ni vu sech aus, dass si goe wëll. Si léisst dech net méi lass. Natierlech kanns du dech och vun engem Meedchen ofhängeg maachen, awer wann d’Meedchen dech net méi wëll, dann ass d’Ofhängegkeet ganz eleng däi Problem an du muss d’Meedchen a Rou loossen.

D’Konscht ass eng richteg Drog. Si léisst mech net méi goen an ech wëll och guer net goen. A wann et nëmmen ass, well sech eemol a mengem Liewen eppes fir mech entscheet huet. Ech sinn en treien Hond. Ech fannen dat gutt, dass mer eis allen zwee vuneneen ofhängeg gemaach hunn. D’Konscht an ech.

Ech muss awer zouginn, dass ech mech heiansdo e bëssen eleng fillen. Dat ass mat den Drogen esou. A räich gëtt ee sécher och net. All Drog huet hire Präis.

Hunn ech mech scho virgestallt? Ech sinn de Jee Kaggerarti. Enchantéiert.

ERKLÄRUNGEN ZUM TEXTBLOG DEUTSCHE TEXTFASSUNG

Mini-Lektorat: Gast Groeber