Fiasko Fest live am TNL
Mai 12 _ 19:30 – 21:00

Fir déi éischte Kéier gëtt den 100,7-Podcast Fiasko Fest mam Luc Spada live viru Publikum opgeholl, am Foyer vum TNL. Mat Open Bar an all deene Momenter, déi heiansdo wéi dinn. Jo, Dir liest richteg: mir Loser kommen endlech all zesummen. Live, faarweg an dräidimensional.
Invité vun dëser éischter Editioun ass de Laurent Agostino.
Hien ass Enn Zwanzeg a lieft mat enger rarer, geneetesch bedéngter Muskelkrankheet: der Emery-Dreifuss-Muskeldystrophie (EDMD).
Säin Alldag ass domat net méi einfach ginn, mee hie gëtt net op. Hien adaptéiert sech, organiséiert sech, geet eraus, schwätzt oppen doriwwer, well fir hien ass et kloer: d’Liewe geet weider.
Eng Kooperatioun tëschent dem TNL a Radio 100,7.